A propos de la colocation
A propos des colocataires
3 femme, de 37 à 41 ans, salarié, non-fumeurs
Colocataires recherchés
de 28 à 70 ans, salariés
Description de la chambre à louer
Hey léif Leit,... déi op Wunnengssich sinn!
Eis WG zu lerpeldéng bei Ettelbréck mat schéinem, grousse Gaart (plus Terrasse, Zär a Weier) sicht eng nei Matbewunnerin. Ee frëndlecht, hellt Zëmmer vun ca. 20m2 waart ab elo dorop, dass een sympatheschen Mënsch säi Lager hei opschléit.
Mir wunnen hei momentan zu 3 a sinn an eiden 30er. Niewt eisem aktiven Beruffsliewen gestalte mir eis Fräizäit mat Musik, Déiren, Literatur, an toben eis gäre mat Sport a Gärtnerei aus. Mir féiren ee méiglechst nohaltegt, déiren- an ëmweltfrëndlecht Liewen an sou richteg doheem fille mir eis, wann lessen, Botz-, Wäschmëttel an aner alldeeglech Utensilie gedeelt ginn.
Eng gesond Mëschung aus Rou a lebendeger Gemeinschaft ass eis wichteg, genau sou wéi een éierlechen, achtsamen an oppenen Ëmgang. Respekt fir Natur, Déiren a Matmënschen läit eis um Häerz.
Klengt dat gutt an dengen Ouren? Da mell dech gäre bei eisn mat e puer Zeilen iwwert dech!
Mir freeën eis vun dir ze héiren!